Skip to main content

Administrativ(en) Sekretär(in) (m/w/d) SOS Détresse
SOS DETRESSE

Google Plus
LinkedIn
Pinterest

SOS Détresse - mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl

Sicht en/eng

Administrativ(en) Sekretär(in) (m/w/d)

Onbefristen Aarbechtskontrakt (CDI) - 20 Stonnen d’Woch

 

Är Aufgaben:

  • Administrativ an organisatoresch Aufgaben

  • Ënnerstëtzung vun de Benevollen bei administrativen an organisatoresche Froen

  • Organisatioun vu verschiddenen Events

  • Auswäertung vu Statistiken

 

Profil :

  • Diplôme de fin d’études secondaires classiques/générales mat enger Ausbildung an Administratioun a Gestioun

  • Beruffserfarung: minimum 2 Joer

  • Beherrsche vun der lëtzebuergescher, däitscher, franséischer an englescher Sprooch

  • Beherrsche vun der Software Word, Excel, souwéi gudden Ëmgang mat Computerprogrammen am Allgemengen

  • Gutt organisatoresch a redaktionell Kompetenzen

  • Eegeninitiativ a Verantwortungsbewosstsinn

  • Fäegkeet, autonom an am Team ze schaffen, gutt Kommunikatiounsfäegkeet

  • Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten

  • Aarbechtssënn, den eiser Organisatioun entsprécht: Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie

     

Mir bidden Iech eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.

D’Plaz ass ab dem 1. Juni 2024 ze besetzen an op onbegrenzten Zäit.

Interesséiert Persoune kënnen hir Bewerbung mat engem ausféierlechen CV, Kopie vun Diplomer an Zertifikater an enger aktueller Foto per Mail bis den 30. Abrëll 2024 schécken un: administration@sosdetresse.lu

Bei enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Casier Judiciaire verlaangt. D’Remuneratioun ass nom SAS Kollektivvertrag (Carrière C4).

 

 

Leave a comment

You are commenting as guest.